Webinaire "Acceleratioun vu Renovatiounsprojeten um kommunalen Niveau"
Mëttwochs, den 20. September

Den 20. September haten de Ministère fir Logement, de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an den Energieministère zesumme mat Klima-Agence an a Presenz vum Inneministère de kommunale Secteur op e Webinar zum Thema “Acceleratioun vun energeetesche Renovatiounsprojete virum Hannergrond vun der aktueller Kris am Bausecteur” invitéiert.

Wéi an dem Circulaire 2023-106, deen am August verschéckt ginn ass, erkläert gouf, ginn d’Gemengen, d’Gemengesyndikater an déi ëffentlech Institutiounen mat spezifesche Ressourcen am Kader vum “Plan de soutien pour le secteur de la construction” ënnerstëtzt, fir déi energeetesch Renovatioun vu funktionale Gebaier wéi och Wunngebaier, déi am kommunale Besëtz sinn, ze acceleréieren.


Wärend dem Webinar hunn déi verschidden Acteuren erkläert, ob wéi eng Subsideprogrammer kann zeréckgegraf ginn a wéi déi kommunalen Acteure mat der Ënnerstëtzung notamment vun de Klima- a Logementsberoder sech organiséiere kënne fir an dësem Kontext potentiell Projeten ze identifizéieren.
 

Downloads

circulairE N°2023-106

Presentatioun vum webinaire