Technesche Seminaire
Donneschdes, den 12. Oktober

Prakteschen technesche Seminaire « Energiespueren an de kommunalen Infrastrukturen » zesumme mam Expert Dr. Julien Carton, organiséiert vu Klima-Agence zesumme mam Energieministère

Zilgrupp vun dësem Seminaire ass dat technescht Personal vun der Gemeng an den Objektiv ass ët, zesumme mam Expert déi praktesch Ëmsetzung vun Energiespuermoossnamen v.a. am Gebaierberäich duerchzegoen a konkret Froen an dësem Kontext ze diskutéieren.

Um Seminaire « Energiespueren an de kommunalen Infrastrukturen » kënnt Dir Donneschdes, den 12. Oktober vu 13:00 bis 16:00 Auer an der Chambre des Métiers um Kierchbierg deelhuelen. Dëse Seminaire gëtt als INAP-Formatioun unerkannt.

D'Umeldungen fir de Seminaire sinn zou. Wann Dir nach Froen zu der Umeldung hutt, mellt Iech w.e.g. u communication@klima-agence.lu.