Projete mat Impakt identifizéieren an ëmsetzen
Klimaneutralitéit heescht net nëmme manner Emissiounen, mee och eng besser Liewensqualitéit, manner Energiekäschten an eng méi resilient Zukunft.
Klima-Agence an de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit invitéieren op eng Serie vu regionalen Informatiounsveranstaltungen zu dësem Thema. Op dëse Konferenze gëtt e gewuer, wéi e konkreet Projeten ëmsetze kann a et kritt en unhand vu praktesche Beispiller gewisen, wéi d‘Gemengen de Wee a Richtung Klimaneutralitéit aleede kennen :
- Ëmsetzung vu Projeten an de Gemengen,
- Begleedung am Kader vum Klimapakt,
- Hëllefsstellunge vu Klima-Agence,
- Bäihëllefen aus dem iwwerschaffte Programm Klimabonus Gemengen.
Am Mëttelpunkt stinn hei ënner anerem Theme wéi: Energieeffizienz duerch eng energeetesch Renovatioun, Méiglechkeete vun den erneierbaren Energië vum Eegeverbrauch bis zum Deelen an den Ausbau vun der Elektromobilitéit. All dëst gëtt duerch konkreet Ëmsetzungsbeispiller illustréiert an et kritt een d’Méiglechkeet Froen ze stellen.
Datumer vun de regionale Konferenzen :
12. November am Centre culturel Pontebier zu Schuller
20. November am CAPE zu Ettelbréck
25. November am Syrkus zu Rued-Sir
13. Januar am Centre culturel zu Eschduerf
27. Januar an der Jugendherberg zu Beefort
Wichteg: Et muss een sech net fir den Datum a senger Regioun umellen!
Dës Konferenz riicht sech un d’Klimaschäffen, d’Memberen aus dem Schäfferot, d’Mataarbechter vun der Gemeng an d’Memberen aus dem Klimateam. Ausserdeem ginn d’Klimaberoder an och déi regional Acteuren invitéiert. D'Konferenz gëtt op Lëtzebuergesch gehal.