Klimaschäffen-Seminaire
vum 8. Dezember 2022
12.12.2022

Den 8. Dezember huet de Seminaire « Resultater vun der Klimaschäffen-Workshopserie a Léisungsusätz fir d’Accélératioun vun der Klima- an Energietransitioun um kommunalen Niveau » a Presenz vun der Ministesch Joëlle Welfring an dem Minister Claude Turmes ab 14:00 Auer an der Coque stattfonnt.

No den Interventioune vun der Ëmweltministesch Joëlle Welfring an dem Energieminister Claude Turmes, sinn an engem Impulsvirtrag d’Resultater vun de Klimaschäffen-Workshoppen aus der Roadshow am Summer an en Ausbléck op d‘Ëmsetzung vun den 10 prioritären Handlungsfelder a konkreten Ëmsetzungs-Recommandatiounen zu der Acceleratioun vun der Klima- an Energietransitioun, déi an dem Kontext ausgeschafft goufen, presentéiert ginn. Des Geleeënheet huet et erlabt, Neiegkeeten zu de bestoende Klimapakt-Outilen ze presentéieren. Des weidere si folgend Theme méi am Detail presentéiert ginn:

 

  • Abléck an déi national Energiespuerkampagne an d’Sammlung vun de Best-Practisen um Syvicol-Site
  • Amenagement communal mat enger Presentatioun vun der Etude: „Erneuerbare Energien und energetische Sanierung: Analyse von PAP «quartiers existants», PAP «nouveaux quartiers» & Règlements sur les bâtisses“ 
  • Ëmgang mam Schallschutz bei Wärmepompelen am Bestand mat Interventioun vum Pascal Worré aus dem Energieministère
  • Elektromobilitéit Presentatioun iwwert den Ausbau vun der ëffentlecher Luedinfrastruktur an Informatiounen iwwert déi nei Ausschreiwung

 
Am Verlaf vum Séminaire haten d’Participanten, dorënner Klimaschäffen, Klimaberoder a Gemengemataarbechter, d’Méiglechkeet hiren Input bäizedroen esou wéi Froen zu de jeeweilegen Themen ze stellen.

No dësem produktiven Ausstausch gouf, als Ofschloss vun der Workshop-Serie an dem ofschléissende Seminaire, e Patt ugebueden.

Presentatioun eroflueden

De Rapport eroflueden