Invitation : Klimapakt-Dag 2025
7 juin 2025

Klimapakt-Dag 2025

Freides, de 6 Juni 2025
ab 8h15
am Centre culturel régional opderschmelz zu Diddeleng

De Programm:

D’Plaze fir déi fachlech Seancë Moies si limitéiert a ginn op Lëtzebuergesch gehalen. Dir kënnt Iech bis den 2. Juni umellen an esou laang nach Plaze fräi sinn.

  • 8:15 : Accueil mat Kaffi a Croissant
  • 8:45 - 12:15 : Fachlech Seancen
    Am Ganze kënnt Dir Iech fir bis zu zwou Seancë vu jeeweils 90 Minutten umellen, déi noeneen ugebuede ginn.

    1. Smart Cities: Digitaliséierung an de Gemengen
    De Workshop gëtt e kompakten Iwwerbléck iwwert d’Chancen an d’Applikatioune vun digitalen Outile fir Gemengen an de Beräicher Energie, Ressourcen a Mobilitéit. Niewent praktesche Beispiller aus dem In- an Ausland bitt dëse Workshop och d’Méiglechkeet zesummen Iddien ze sammelen an ze diskutéieren. 

    2. Gemengen um Wee fir an d'Klimaneutralitéit: Praktesch Moossnamen definéieren a prioriséieren
    D’Zil vun eiser Klima- an Energiepolitik steet fest: mir wëlle bis 2050 klimaneutral ginn. Mee wat kënnen d’Gemenge maachen, fir hire Bäitrag zu dësem Zil ze leeschten, a wéi wäert d’klimaneutral Gemeng zu Lëtzebuerg ausgesinn? Am Workshop stinn d'Mesurë fir Emissiounsofsenkung am Fokus. Mir erschaffen a prioriséieren zesummen d’Moossnamen, déi d’Gemeng kann huelen, fir hier Emissioune maximal ofzesenken.

    3. Energeetesch Suffizienz : Dat ongenotzte Potential fir eng klimaneutral a spuersam Gemeng
    Déi energeetesch Suffizienz stellt nach ëmmer e grousst, nach net ausgeschöpfte Potential duer, wat d'Resilienz an d‘Effektivitéit vu Gemengen am Kontext vu Klimaneutralitéit a Klimaziler ka stäerken. Dëse Workshop bitt Iech d’Geleeënheet, dësen Usaz ze entdecken, esou wéi eng Prioriséierung vun de wichtegsten an effizientste Moossnamen an d’Strukturéierung vun hirer Ëmsetzung ronderëm eng ugepasste Gouvernance duerchzeféieren.
    Atelier proposéiert an Zesummenaarbecht mat der Partnerorganisatioun CELL

    4. Gestioun vu kommunale Gebaier: Energie-Aspuerung duerch een optiméierte Management

    Leneda, EED, Enercoach 3.0, Budget- a Personalknappheet: grouss Ufuerderungen, awer och néi Chancë fir d’energeetescht Gebaier-Management. Dëse Workshop gëtt een Abléck, wéi d’Moossung, d’Analys, an d’Stéierung vu kommunale Gebaier sënnvoll gestalt ka ginn.
     
  • 12:15 - 13:45 : Lunch & Networking
  • Programm vun 13:45 bis 17:00 Auer
    - Begréissung (Klima-Agence)
    - Ried vun dem Minister Serge Wilmes
    - Klimaneutralitéit an der Gemeng:
       1. Impulsvirtrag vum Lothar Eisenmann (Institut für Energie- und Umweltforschung Heidelberg)
       2. Virstellung vun der nationaler Approche am Kader vum Klimapakt
       3. Praktesch Moosnahmen an Outilen fir d’Ofsenken vun den Emissiounen
       4. Presentatioun vum iwwerschafften Subsideprogramm fir Gemengen (Fonds climat et énergie) 
  • Ab 17:00 : Gemeinsame Patt

D'Fachlech Seancen an d'Konferenze sinn op Lëtzebuergesch.

*Obligatorische Felder
Funktioun*
8:45 - 10:15 Auer
10:15 - 12:15 Auer
12:15 – 13:45 Auer
13:45 – 17:00 Auer
Ab 17:00 Auer