Umeldung fir d'Konferenz iwwer d'Solarenergie
Mardi, 11 mars 2025

Am Kader vum Solar Challenge fënnt den 11. Mäerz d’Konferenz „Acceleratioun vum Ausbau vun der Photovaltaik um kommunalen Niveau“ ab 9:30 Auer an der Chambre des Métiers statt. 

Am Kader vun dëser Konferenz gi mer Iech en Iwwerbléck iwwert déi verschidde Levieren déi Dir als Gemeng hutt fir d’Solarenergie ob Ärem Territoire no vir ze brénge mam Zil iech konkreet Hëllefsstellunge virzestellen an ob aktuell Entwécklunge bei der Photovoltaik anzegoen. 

Um Programm stinn : 

Ab 09:30 : Accueil mat Kaffi a Croissant
10:00 – 12:15 : Konferenz „Acceleratioun vum Ausbau vun der Photovoltaik um kommunalen Niveau“ mat follgende Schwéierpunkten : 

  • Aktualitéiten zur Photovoltaik um nationalen Niveau
  • Solar Challenge : Funktiounsweis an Zilsetzung vum Concours
  • Handlungsfelder an der Gemeng : Gemengegebaier, Privatleit a Betriber
  • Praktesch Ëmsetzung vun de verschiddene Verbrauchsformen vun der Solarenergie (Eegeverbauch an Deele vum Stroum)
  • Virstellung vun der „Toolbox Photovoltaik“ vu Klima-Agence fir Gemengen

Ab 12:15 Auer : Networking Lunch

Bei Froe sti mir Iech per mail iwwer pacteclimat@klima-agence.lu zur Verfügung. 

*Obligatorische Felder
Funktioun
09:30 – 12:15 Auer
12:15 – 13:30 Auer