Freides, den 31. Mäerz 2023 ab 8:15 Auer
um Site vu Mondorf Domaine Thermal
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a Klima-Agence freeë sech Iech op de Klimapakt-Dag 2023 ze invitéieren.
De Programm:
D’Plaze si limitéiert. Mir bieden Iech dowéinst, Iech bis de 24. Mäerz unzemellen.
Ab 8:15 Auer: Accueil mat Kaffi a Croissant
8:45 – 12:15 Auer: Fachlech Seancen
Am Ganze kënnt Dir Iech fir bis zu zwou Seancë vu jeeweils 90 Minutten umellen, déi noeneen ugebuede ginn.
1. Ëmsetzung vu Luedinfrastrukturprojete fir Elektromobilitéit an der Gemeng
- Iwwerbléck vum aktuelle Fërderkontext zu Lëtzebuerg
- Präsentatiounen an Austauschméiglechkeeten (Matchmaking) mat Marchésacteure fir Projeten ëmzesetzen
2. Promotioun vun der nohalteger Entwécklung am Kader vum Klimapakt
- Lancement vun der neier thematescher Zertifikatioun « Communes 2030 » am Klimapakt
- Presentatioun vum generelle Kader an den Haaptfunktioune vum Outil
- Erfarunge vu Pilotgemenge mat praktesche Beispiller
3. Ausbau vun der regionaler Zesummenaarbecht tëscht dem Staat an de stätteschen Raim am Kader vum Klimapakt
- Abléck an déi territorial Kooperatiounen Nordstad, Regionalforum Zentrum a Minett Unesco Biosphere (Region Sud)
- Austausch zu méigleche Synergien tëscht dem Klimapakt an de regionale Kooperatiounsprojeten
Informatioun : Dëse Workshop riicht sech prioritär un Acteure vu Gemengen aus de Regiounen Nordstad, Agglo Centre (Regionalforum Zentrum) a Minett Unesco Biosphere (Région Sud).
4. Wéi kënne Klima-Aktiounen um kommunalen Niveau gestäerkt ginn ?
- Austauschronnen zu zousätzlechen Ënnerstëtzungsbesoinen am Zesummenhang mat den Aktivitéite vun de 4 Partnerorganisatiounen
- Atelier proposéiert vun de 4 Partnerorganisatioune CELL, EBL, IMS a Klima-Bündnis Lëtzebuerg
12:15 - 13:45 Auer: Lunch & Networking
Programm vun 13:45 bis 17:15 Auer:
(dotëschent ass eng Paus virgesinn)
- Begréissung (Klima-Agence a Gemeng Munneref)
- Thematesch Interventioune mat Froeronnen:
- Aktualitéiten aus dem Klimapakt (Klima-Agence)
- Resultater aus der rezenter Ëmfro vu CELL zu de Klimateams
- Aktualitéiten aus dem Ressourcëberäich (Ëmweltverwaltung)
- Virstellung vun de Resultater vun der NO2 Miesskampagne (Ëmweltverwaltung)
- Ëmsetzungsbeispiller vu Gemengen
- Riede vun der Ministesch Joëlle Welfring an dem Minister Claude Turmes
- Iwwerreechung vun de Klimapakt-Zertifikatiounen
Ab 17:15 Auer : Gemeinsame Patt
D'Umeldunge fir de Klimapakt-Dag sinn zou. Wann Dir Iech nach nodréiglech fir de Klimapakt-Dag umelle wëllt, kënnt Dir dat iwwer communication@klima-agence.lu maachen.