
Klima-Agence an de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung invitéieren ob eng Serie vu regionalen Informatiounsveranstaltungen am Kader vum Klima- an Naturpakt.
D’Zil vun der Serie vu Konferenzen ass et fir engersäits deene verschiddenen Zilgruppen e generelle Kontext vum Klima- an Naturpakt ze ginn an anerersäits déi aktuell Erausfuerderung am Beräich vum Naturschutz an der nohalteger Energietransitioun ze thematiséieren an ze erkläre wat d’Roll vun de Gemengen dobäi ass.
Am Mëttelpunkt stinn hei ënner anerem Theme wéi: Ausbau vun der ëffentlecher Luedinfrastruktur um kommunalen Niveau, Vereinfachung vu kommunale Bestëmmungen am Beräich Aménagement communal, Economie circulaire, energeetesch Renovatioun vu Wunn- a Funktionalgebaier esou wéi aktuell Appels à projets am Naturschutzberäich. Och d’Naturschutzsyndikater sinn dobäi fir Iech hir aktuell Projete virzestellen.
Tëschent de verschiddene Presentatioune kritt Dir och d’Geleeënheet Är Froen ze stellen.
Uschléissend gëtt e Patt zerwéiert.
Konferenz fënnt op 5 verschiddene Statiounen ëmmer vun 18:00 – 20:30 Auer statt :
- 7. November am Kultursall um Schlass zu Wooltz
- 23. November am Artikuss zu Zolwer
- 29. November am Centre Culturel zu Menster
- 7. Dezember am Centre Culturel um Kolmar-Bierg
- 12. Dezember am Centre polyvalent "Kuerzwénkel" zu Konsdref
Bei Froe kënnt Dir Iech u communication@klima-agence.lu wenden.